Join MGS

Du bass virwëtzeg an du hues Loscht nei Saachen ze leieren? Du bass gären mat Kolleegen ënnerwee?

Ech mengen dann bass du genau richteg bei eis, den Mierscher Guiden a Scouten (MGS). Mir sinn en Scouts Grupp dënn et schonn säit 1028 geet an mir mann verschidden Aktivitéiten fir kleng an grouss. En Dag ginn mir Kanu fueren, Trëppelen oder mir schlofen dobaussen ënnert engem Tarp, den aneren Dag bastelen, spillen oder meeschteren mir nei Challenges.

All Woch Samschdeg vun 14h bis 16h treffen mir eis am Home St. Michel an hunn eng gutt Zäit mateneen. Du bass interesséiert, dann schreif eis eng Email un sekretaer@miersch.lgs.lu.

Bis geschwënn.