Wëllefcher

Bei eis an de Versammlunge kann äert Kand d’Natur entdecken, léieren an engem grousse Grupp eens ze ginn, léieren seng Matmënschen ze respektéieren, sech kreativ entfalen, flott Spiller spillen an eis Scoutswäerter ausliewen. Eise Programm besteet haaptsächlech aus Versammlungen, heiansdo  gi mir awer och op Sortien  (wéi Schlittschong fueren, den Naturdag, een Theater kucke goen, asw.). Am Laf vum Scoutsjoer hunn mir dann och deen een oder anere Weekend (z.b. an der Chrëschtvakanz oder der Ouschtervakanz). Den Héichpunkt ass dann de Summercamp. Do schlofe mir 4 Nuechten op engem Bauerenhaff a maache lauter flott Aktivitéiten.

Wëllefcher (8-11 Joer)