Wëllefcher (8 – 11 Joër)

 

Bréiwer 2015 – 2016

 Bréif Grupp  Breif Grupp 2015  

Bréif 2  –  Lëtzebuergesch    Français

Bréif 3  –  Lëtzebuergesch    Français

Bréif 4 –   Lëtzebuergesch    Français

Dokumenter

Fiche Médicale                               Cartão de saúde

 

Mat Kanner aus dem Wëllefchersalter d´Liewen entdecken heescht Entdeckungsfreed, Kreativitéit a Fantasi an de Kanner waakreg maachen an entwéckelen.

D‘Wëllefcher sin di jéngsten Branche am Groupe St.Michel Miersch, dat heescht si sin tëschent 8 a 11 Joër all.

Mir entdecken, fuerschen, léieren, schléissen Frëndschaften,….an dat alles bei eis an de Versammlungen. Mir machen allerhand interessant Kometen, ginn zesummen op 2 Weekender am Joer an am Summer fueren mir zesummen op den Summercamp. Dat ass emmer e super Erliewnis. Do schlofen mir 4 Nuechten an enger flotter Schéier oder an Zelter.

D‘Chefen orientéieren sëch vill un der Wëllefchersmethod, dës baséiert ob dem Rudyard Kipling sengem “Dschungelbuch”.

An dëser Geschicht gët e Jong, de Mowgli, am Dschungel ausgesat, gët vun den Déieren aus dem Dschungel opgeholl a geréit dann do an de Mëttelpunkt. Mir wëllen dëse Mowgli/Wëllefchen op séngem Wee zum Erwuesse gi begleden. Dacks huet hien et nët einfach op dësem Wee a geréit vun engem Abenteuer an dat anert. Mee séng Frënn aus dem Dschungel stin him daper zur Säit. Dës Geschicht, déi u sech vill Parallelen zu eiser Gesellschaft opweist, liwwert nët nëmmen e flotten, abenteuerlechen a kandsgerechte Kader, mee huet doriwwer eraus och nach e ganze Koup edukativ Wäerter, déi mir dem Kand wëlle mat op de Wee gin.

Nach mei kuerz a knackeg gesoot, léieren d‘Kanner an de Wëllefcher ganz elementar Werter kennen, Solidaritéit, Verantwortung, Hëllefsbereedschaft, Matgefill, Geschecklëchkeet, a.s.w.

D‘Wëllefchers-Chefequipe: Anne, Anna, Jill, Stephanie, Vincent, William, Pedro, Martina, Seba an Lys

Nächst Wëllefchers- a Gruppe-Aktivitéien

Opgepasst: Nët op all Gruppe-Aktivitéit kënnen d’Wëllefcher matgoen. Klickt ëmmer drop fir méi Detailer gewuer ze ginn.