RaRo (17 – 23 Joër)

An d’Ranger-Rover (RaRo) kennt een mat 17 Joer an et kann een bis maximal 23 Joer bleiwen. Si treffen sech all Samsten um 14:00 Auer fir hier Versammlung ofzehalen (an och heinsdo dotescht) wou si hier Projeten verwierklechen.

Dodernierwt gin si 1 bis 2 Mol am Joer zesummen op en Weekend. An der Chrechtvakanz gin si fir 3 Deeg op en Wantercamp an am Summer 1-2 Wochen op en Summercamp. Op den Campen an Weekender get vill getreppelt. Heiansdo get an an engem Chalet geschlof, mee meeschtens dobaussen an engem Zelt, ennert engem Tarp an enger Höl, do wou een grad ukennt.

D’RaRo sin déi lescht Branche ier een Chef get an genee heirop gin si firbereet andeems si Methoden gewisen kréien, fir daat, waat si an den Branchen firdrun geléiert hun, weiderzevermettelen. Dëst kennen si och glaich ausprobéiren andeems si heinsdo an aner Branchen aushellefen gin. Dodernierwt léiren si eegenverantwortlech hieren Programm ze organiséiren an kennen sech un hier geeschteg an kierperlech Grenzen runtaaschten. D’Cheffen huelen si net méi un der Hand, mee begleeden si op hierem Wee, der Route. No fréistens engem Joer mee spétstens mat 23 get een dann Chef an kann daat waat een an senger Scoutscarrière geleiert huet un di nächst Generatiounen weidergin.

RaRo

Als RaRo kann een ausserdem mat op international Projeten goen. Dest sin Projeten déi all puer Joer vum Verband organiséiert gin an als Objet hun den Scouten an engem méi armen Land ze hellefen. Sou hun an den vergangenen Joeren zum Beispill Projeten am Senegal, Niger, Brasilien, Peru, Vietnam, Georgien, Bosnien oder Haiti stattfont. Dest as eemoleg Geleenheet fir aner Kulturen op eng ganz intensiv Manéier kennen ze léiren.

D’RaRo Chefequippe: Charel, Jerome an Yves

Nächst RaRo- a Gruppe-Aktivitéien