CaraPio (14 – 17 Joër)

Zwëschent 14 an 17 Joer ass een an den CaraPio, d’Ofkierzung fir Caravellen a Pionnéier.

D’CaraPio treffen sech 1 Mol an der Woch an hire Versammlungen fir Entreprisen ze féieren, déi sie selwer entworf hunn. 2 Mol am Joër hunn mir Weekender, bei eis Survie genannt, wou mir entweder ënner Tarpen schlofen oder an Scheieren iwwernuechten. D‘CaraPio hunn och all Joer een Wantercamp deen 4 bis 5 Deeg dauert. D’Joer gëtt mat eisem traditionellen Camp Volant ofgeschloss wou d’CaraPio 2 Wochen laang, meeschtens am Ausland, zu Fouss ënnerwee sinn an en neit Land, eng nei Gesellschaft entdecken.

De CaraPio léiert an dësen 3 Joer d‘Responsabilitéit iwwert een gréisseren Projet ze iwwerhuelen. Esou gëtt en gefuerdert fir eegen Initiativ ze weisen. Hie fënnt eraus dass och séng Ideen kënnen an engem Grupp akzeptéiert an konkret duerchgefouert ginn. Dowéinst bereeden d’CaraPio meeschtens hier eegen Aktivitéite vir, sief et eng Entreprise an de Versammlungen oder Deeler vum Programm op engem Camp oder enger Survie.

An der Halschent vu senger CaraPio – Carrière kann de CaraPio säin Engagement ofleene: Zeechen dass hien sech sengen Responsabilitéiten vis-à-vis vun senger Branche, senger Ëmwelt, sengen Matmenschen an sech selwer bewosst ass.

D’CaraPio-Chefequipe

1619486_411279055682597_1457815513_n

D’Anne, de Luca, de Laurent, de Sébastien, de Robi, de Frenz an de Philippe

Nächst CaraPio- a Gruppe-Aktivitéien

Opgepasst: Nët op all Gruppe-Aktivitéit sinn fir d’CaraPio . Klickt ëmmer drop fir méi Detailer gewuer ze ginn.