Avex

Avex ass eng Ofkierzung fir Aventuren an Explorer an fir Kanner zweschen 11 an 14 Joer. An der Branche Avex leieren Kanner als Grupp, bei den Avex Patrullen genannt, zesummen Entscheedungen ze treffen an als Patrull zesummen ze liewen

All Samschdeg, ausser wärend den Schoulvakanzen, treffen mir eis um 14 Auer bis 16 Auer am Home St. Michel fir eis Versammlung. Wärend dem Joer mann mir och Weekender, wou mir zesummen an Zelter oder an engem Chalet schlofen. Als Ofschloss mann mir en groussen Summercamp den am Ausland stattfënnt an wou mir an Zelter schlofen. 

Fir weider Froen, kontaktéiert eis w.e.g. op folgend Emailadress: avex@miersch.lgs.lu