Albatrosse (23+ Joër)

D’Branche Albatrosse gëtt et beim Mierscher Grupp schonn zimlech laang, nëmmen dat se dunn nach “5t. Branche” geheescht huet. An d’Albatrosse kann al Erwuessenen kommen déi 23 oder méi al ass. Generell ass dës Branche fir al Memberen vum Grupp, déi net méi Zäit hunn fir eng Chef-Charge, mä awer nach wëllen dem Grupp no stinn. Esou ass eng vun den Aufgaben vun den Albatrosse deenen neien jonken Cheffen bei Besoin ze hëllefen andeems se zum Beispill bei enger Aktivitéit wéi dem Adventskränz-Bannen eng Hand mat upaken.

Soss man mer nach vill aner Aktivitéiten:

  • Ouschterbrunch
  • Wanderungen
  • Weekender
  • Visiten
  • Perfekte Dinner

D’Albatrosse treffen sech normalerweis eemol am Mount (al éischte Freiden vum Mount). Vue dat d’Plaz, wou dës Versammlung ass, oft ännert, mell dech am Viraus bei eiser Presidente, Myriam Hoffmann ((Enable Javascript to see the email address)), falls du interesséiert bass laanscht ze kommen.

Nächst Albatross- a Gruppe-Aktivitéien

Opgepasst: Nët op all Gruppe-Aktivitéit sinn fir d’Albatrosse . Klickt ëmmer drop fir méi Detailer gewuer ze ginn.