Heimatt si dir (Wëllefcher, AvEx, CaraPio, RaRo, Chef, Albatross, Elteren, Frënn) härzlech agelueden op d’Presentatioun vun eisem Lipdup/Videoclip ier en online geet? RV de Freideg, 18. Mee um 19h am Home! Wichteg: Fir déi Léit déi d’Autorisation parentale fir Mannerjähreg nach nët ënnerschriwwen hun: dir kënnt dat dësen Owend op der Plaz maachen.
