RaRo

RaRo (17-23 Joër)
An den RaRo (Rangers an Rovers) gëtt vill Wäert drop geluecht zesummen Décisiounen ze huelen, sech Zieler ze setzen an déi och duerchzezéien. Verantwortung iwwerhuelen an Engagéiert-sinn sinn och grouß Zieler vun eisem Grupp. Mir organiséieren all Joer “Bonne Actions” wéi zum Beispill eis traditionell Chrëschtbeemercherssammlung fir net nëmmen an eisem Grupp ze hëllefen mee och eiser Noperschaft. D’Versammlunge sinn am Prinzip Samschdes vun 14h bis 16h, kënnen awer och no Récksproch mat de Cheffen anescht geluecht ginn.