Présentatioun LipDup
Heimatt si dir (Wëllefcher, AvEx, CaraPio, RaRo, Chef, Albatross, Elteren, Frënn) härzlech agelueden op d'Presentatioun vun eisem Lipdup/Videoclip ier en online geet? RV de Freideg, 18. Mee um 19h am Home! Wichteg: Fir déi Léit déi d'Autorisation parentale fir Mannerjähreg nach nët ënnerschriwwen hun: dir kënnt dat dësen Owend op der Plaz maachen.
Photoe Grupp > 1te Mee
Den 1 Mee ware mir rem zu vill am Bësch fir e Meekranz ze bannen, e gudde Wippi z'iessen - an d'next Joer gett et dann och rem Cécémel... !
Am Cortège hu mir natierlech och net gefeelt ...
Photoe Grupp > Making of Lipdup
Making of vun eisem Lipdub deen de ganze Grupp den 28. Abrëll 2012 zesummen gedréint huet! De fäerdegen Film kennt demnächst och hei op de Site.
Néi CaraPio Photoen
Ab elo fannt der Photorubrik Biller vun den CaraPio Entreprisen. Während 6 Wochen hunn déi 4 Ekippen am Home uegrappt an Bänken an Regaler ugestrach. Anerer hunn Floosser gebaut déi elo um lëchten CaraPio-Weekend am Asatz waren. Kuckt iech Photoen un.
CaraPio Floossfahrt
D'Carapio si bei äisegen Temperaturen vum Hunnebuer bis erëm zréck op Miersch gepaddelt. All Respekt dofir!
Video vum Wëllefcher Wantercamp 2011
Vum Wëllefchers Wantercamp vum Grupp Saint Michel Miersch ass einfach den Frosty entfouert ginn. Hei elo d'Video-Opnamen vun der Dot.
Wëllecher Wantercamp 2011 > Den Dag wou den Frosty verschwonnen ass! from Gilles Caspar on Vimeo.
Photoe Wëllefcher Weekend Mäerz 2012
D'Photoen vum Wëllechers Weedend "Den hëllegen Graal" zu Dikrech sinn elo online. Gitt einfach an d'Photos-Rubrik vum Site. Den Graaf James William Henry genannt de Jang krut säin hëllegen Graal vun engem verreckten Gängster geklaut. Hien huet direkt seng Kollegen aus England alaméiert, déi sinn him dun och direkt zu Hand kommen. Den Sherlock Holmes an säin Assistent hunn mat Hëllef vun den klëngen Detektiven den Graal zeréck fonnt an den béisen Gängster hannert Gitter bruecht!
Photoen vum Chef-Weekend
Ab elo fannt der an der Photosrubrik och alleguer d'Biller dovun wat d'Cheffen vum Grupp den 2-4te Mäerz am Schwarzwald gemeet hunn. Einfach heihin kucke goe.












